„Dajé, wât sèst du derzoû?“

„Net vill, Mononk.... Ech méngen...“

„Wât méngs du?“

„Ech méngen, den âlen Hallesch hät mech am Berelshaus ugeschwärzt.... oder hién hät dé dreckeg Arbecht durch en ânere mâche lôssen.“

„Jämp, sef net esoû éfälleg. D’aß ê ganz dichtegt Médchen. An d’aß och éng gutt Partie. Nach vill besser wé a Berels, loß der dât gesot sin. An d’aß och éng gesond Familgen.“

Langsam schritten wir die Philippstraße hinauf. Ein schwerer Bierwagen kam rasselnd in vollem Galopp herunter.

„Zwê guder Pèrd,“ bemerkte der Oheim.

Ich nickte und schaute zerstreut dem rollenden Wagen nach.

„A nach eppes. D’aß en Haus, dât dir gefällt. E neimoûdeschen, dichtege Betrieb. A wé de Papp, esoû sin d’Kanner. An d’sin der nömmen drei, zwê Médercher an e Jong. De Jong aß âbestuôd. An d’Ketty aß dât zwêt. D’huôt 23 Johr. An d’kret och vill mat....“